Aarau - Einsiedeln — Schmerikon — St. Gallen — Iechternach Györ —Roum

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Vun Oktober 2009 bis Juni 2010 stoung eng Bronze Statue vum Tarcisius zu Iechternach  « om Vulpert » - an der Wiss zwëschen der Basilika an dem Trifolion.

Den Tarcisius kennt aus der Basilika, hien ass ënnerwee zu de Leit an ass do wou d’Leit sech begéinen. D’Skulptur ass an der Form éischter schlicht gehal, mee d’Gréisst ass beandrockend.

Dës Statue ass 5 Meter grouss a wéit mam Sockel iwwer 4 Tonnen – also sou schwéier wéi een ausgewuëssenen Elefant. De Kënschtler ass den Här Bernhard Lang vu Basel (CH).

 

Den Tarcisius – gelieft am 3 Jorhonnert zu Roum –war deemno e Jugendlechen, deen als Optrag hat, d’Kommioun bei krank a prisonnéiert Chrëschten ze droen. Op sengem Wee dohin gëtt hien vu heednesche Komeroden ëmbruecht – der Legend no gestengegt – wëll hien sech weigert d’helleg Kommioun hinnen ze weisen an ze iwwerloossen. Mat sengem jonken Liewen verdeedegt hien d’helleg Eucharistie a geet an den Doud fir Jesus Christus a säi Glawen.

No sengem Doud gëtt den jonken Tarcisius fir d’éischt bei de Kallixtus-Katakomben bäigesat a spéider an der réimescher Kierch San Silvestro in Capite, wou hien de 26. Juli gefeiert ginn ass. Ausgehend awer vu sengem Stierfdatum, de 15. August 257, gëtt senger am réimeschen Martyriologium de 15. August geduecht. Säit 1950 feiere mir Chrëschten op deem Datum awer d’Héichfest vu Maria-Himmelfahrt, esou datt den Tarcisius an de Vergiess komm ass – bis hien zu Lëtzebuerg nei entdeckt gouf an eng Renaissance erlieft huet. Hei zu Lëtzebuerg denken d’Massendénger all Joer den 09. Juli un hire Schutzpatroun. Den Tarcisius ass awer och nach de Schutzpatroun vun den Éischtkommuniounskanner.

 

Fir déi offiziell Begréissungsfeier vum 27. Oktober 2009 waren eng ganz Rei Éieregäscht dobäi : de Kultusminister François Biltgen, den Här Dechen Théophile Walin (hien huet den Här Äerzbëschof bäi der Feierstonn vertrueden), den Här Aumônier vun de Massendénger Jos Weisgerber mat senger ganzer Ekipp « Lëtzebuerger Massendénger » ; de Kënschtler Bernhard Lang, eng ganz Rei Massendénger aus dem Dekanat Iechternach, Frënn vu Massendénger an och etlech Passanten.

 

Dës Duerstellung vum Tarcisius gouf vum Bernard Lang entworf. Als éischt huet hien sech mol selwer iwwer den hl. Tarcisius informéiert (dee war him aus senger Massendéngerzäit kee Begrëff). Dono ass hie bäi Massendénger (Jongen a Meedercher)  an huet si an hirer Alef fotograféiert. Dës ganz Aarbecht fir d’Realisation vun der Statu huet ongeféier 1 Joer gedauert; also vum Entworf bis zum grousse Modell aus Gips. De Modell gouf dono a 7 Deeler getrennt – fir ee Goss un engem Stéck war en ebe vill ze vill grouss. Déi ganz Figur sollt jo herno och stabil sinn – Schliisslech soll se jo spéider statesch openee passen, muss kennen op déi eenzel Plazen transportéiert ginn, verankert ginn.  Heifir gouf dunn d’Figur vu bannen mat engem stole Gerüst verstäerkt. Dëst stole Gerüst ass mat engem „Sockel“ aus Betoun verankert.

Dee ganze Projet konnt realiséiert ginn; wier awer ni ouni d’Hëllef vu Sponsoren a vu vill Fräiwëllegen net realiséierbar gewiescht an och duerch Spenden.

 

Den Här Lang war bäi dem Projet esou begeeschtert – ee gëttleche Fonken ass iwwergesprong. D’Statu ass  een « DANKmal » fir den Déngscht vum Massendénger  an der Kierch, een Déngscht, deen geschätzt gi soll, hir bénévol Aarbecht a fir hir Freed um Déngscht. Eng Unerkennung fir all Massendénger. De Massendénger soll esou ee bleiwend Zeeche gesat ginn.

 

D’Statu gouf an der Klakkegéisserei zu Aarau (CH ) gegoss, dono beim Mini-Fest zu Aarau der Ëffentlechkeet gewisen an och vum Mgr Martin Gächter geseent. No Aarau war si op etlech Plazen an der Schwäiz ënnerwee : Einsiedeln, Schmerikon an St. Gallen. Säit dem 27.10.2009 war den Tarcisius zu Gaascht an der Abteistiedchen Iechternach an dat bis de 14.06.2010. Dono stoung si nach ee gudde Mound zu Györ an Ungarn.

Ufank August 2010 war si bäi der internationaler Massendéngerwallfahrt op der Péiteschplaz zu Roum derbäi.

Hir endgülteg Plaz ass elo am Pakr vun de Kallixtus-Katakomben zu Roum.

 

           Links:  DAMP aus der Schwäiz